Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
21 August 2026
Cornelius - Refractions
De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur. Den Numm hat hien deemools un de Schimpans am originale Planet of the Apes Film vun 1968 ugeleent, a säin Duerchbrochsalbum “Fantasma” vun 1997 huet deemools Vergläicher mam Brian Wilson abruecht, esou kandlech-verspillten Tournure...
21 August 2026
Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer
Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend – esou ass den neie Roman vum südkoreanesche Schrëftsteller Kim Ho-Yeon. Dofir ass och d‘Buch "Jae-yeons Reise ans Meer" e Liestipp vum Valerija Berdi. D‘Buch ass an däitscher iwwersetzung am Hanser-Verlag erauskomm.
20 August 2026
"La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn, a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Den Ufank vun der Serie iwwer déi franséisch Rentrée littéraire mécht "La dernière...
20 August 2026
Smartglasses
Smartglasses si Brëller, déi kleng Kameraen a Microen am Gestell hu mat deenen ee ganz einfach filmen an ophuele kann. De bekanntste Modell ass vu Meta: D‘Firma hanner Facebook, Instagram a WhatsApp. Meta gëtt elo kritiséiert, well dës Brëller ëmmer méi benotzt gi fir Leit heemlech ze filmen. Géint dës nei Tech-Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
19 August 2026
"Angel Down" vum Daniel Kraus
Den Pulitzer Präis fir Fiktioun ass dëst Joer un e Buch gaangen, an deem sech Krichsliteratur a Science Fiction mateneen vermëschen. Et ass dem Daniel Kraus säi Buch "Angel Down". An dat huet hien an engem eenzege Saz geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et fir eis gelies.
19 August 2026
"Transcription" vum Ben Lerner
Well en Handy futti fiert, kann ee Mann säin Interview net an den uerdentleche Konditioune féieren. Wat wéi ee journalisteschen Albdram kléngt, féiert am Ben Lerner sengem kuerze Roman “Transcription” zu enger poetescher Meditatioun iwwer Memoire, Identitéit an d’Archivéiere vu Wëssen an enger Zäit, an där de Smartphone dacks d'Denken an d’Stockéiere fir eis iwwerhëlt. De Jeff Schinker huet de...
18 August 2026
Zum Doud vum Robbie Martzen
Gëschter huet eis d’Noriicht erreecht, datt de Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass. De Robbie Martzen huet Prosa a Lyrik an an englescher Sprooch geschriwwen. Seng Texter sinn ënner anerem an de “Cahiers luxembourgeois” an an “nos cahiers” publizéiert ginn. Hien ass reegelméisseg an England fir seng Lyrik ausgezeechent ginn, grad esou wéi ze Lëtzebuerg beim...
18 August 2026
Liestipp: Guy Helminger - Gebäude für Breitengrade
An haut e weidere Liestipp vum Valerija Berdi. Et ass dem Guy Helminger säi Gedichtband: Gebäude für Breitengrade. D‘Buch ass am däitschen Elif-Verlag erauskomm.
17 August 2026
Film vun der Woch: "Hen"
E Flüchtlingsdrama erzielt aus der Perspektiv vun engem Hong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dësen originellen ungaresch-griichesche Film beschwat.
17 August 2026
Den Joshua Idehen, an Neies bei de Congés annulés
Den nigerianesch-stämmege Londoner Joshua Idehen verbreet mat sengem housege World-Pop ee radikal-friddleche Message op der Bün: laizistesch, mënschlech, empathesch, an disco-fanatesch. Gëschter Owend huet de Museker live zu Bouneweg bei de Congés annulés gespillt, an dat mat engem Schotz vum Lëtzebuerger Napoleon Gold sengem Feinsten. De Marc Clement war fir eis lauschteren.